Wéi funktionéiert Konscht als Medium? Véier Kënschtler diskutéieren zum Thema Artistesch Fräiheet a Meenungsfräiheet. Si stellen d’Fro, wéi Messagen duerch Konscht iwwermëttelt ginn a wéi de Public se ophëlt. Virfäll, wéi déi géint d’Karikaturiste vu Charlie Hebdo oder Attentater op aktivistesch Kënschtler hunn eng Diskussioun iwwert artistesch Fräiheet an d’Roll vu Konscht a Kultur an der Gesellschaft lassgeléist.
Wéi wichteg ass Konscht fir Versteesdemech an Toleranz, Bewosstsinn a Wäitsiicht vum Individuum a vun der Gesellschaft ze fërderen?
Mat dobäi sinn:
Justine Blau, Multidisziplinär, Installatiounen a Konzeptkonscht
Dr. Cédric Kayser, Museker a Literaturwëssenschaftler
Anne Simon, Theater
Filip Markiewicz, Performancekënschtler, Installatiounen a Film
Moderatioun: Dr. Nora Schleich
Op Lëtzebuergesch.
UMELDUNGE BIS DEN 29.11.2021 reservation@bnl.etat.lu
D‘Droe vum Mask ass an der Nationalbibliothéik obligatoresch. Wéinst der aktueller Situatioun duerch Covid-19 kéint dës Manifestatioun kuerzfristeg ofgesot ginn. An dësem Fall ginn déi ugemellte Persoune per Mail informéiert.