Mediepluralismus: Eng Garantie fir Demokratie am 21. Joerhonnert? (LU)

Qualitativ héichwäertege Journalismus ass ee vun de wichtegste Piliere vun enger demokratescher Gesellschaft. Allerdéngs profitéiere manner wéi 20% vun all de Länner vun enger fräier, onkontrolléierter Press. Politesch a wirtschaftlech Beaflossung behënnert d’Entwécklung vun enger informéierter a kritescher Gesellschaft - wéi och d’Ofhuele vun der Diversitéit an der Medielandschaft.

Wéi verhält sech eng breet Offer un Informatioun a kommunikative Medien zur Demokratie? Ass se deem Zweck fërderlech oder riskéiert d’Qualitéit vun den Noriichten duerch déi vill verschidden Informatiounskanäl ze verwässeren?

An dëser Gespréichsronn schwätze Journalisten iwwert zäitgenëssesch Problemer an hirem Beruff: Dëst geet iwwert d’Onmass u vermëttelten, onkontrolléierten Informatiounen, iwwert d’Objektivitéit vun der Berichterstattung, bis hin zu de Geforen, déi och haut nach fir Journaliste bestinn.


Ëm den Dësch sëtzen:
Jean-Louis Siweck, President vum Lëtzebuerger Presserot
Christoph Bumb, Grënner vu Reporter.lu
François Aulner, Journalist bei RTL
Natasha Ehrmann, Journalistin beim Radio 100,7

Moderatioun: Josée Hansen

Op Lëtzebuergesch.

UMELDUNGE BIS DEN 19.04.2021 reservation@bnl.etat.lu

D‘Droe vum Mask ass an der Nationalbibliothéik obligatoresch. Wéinst der aktueller Situatioun duerch Covid-19 kéint dës Manifestatioun kuerzfristeg ofgesot ginn. An dësem Fall ginn déi ugemellte Persoune per Mail informéiert.

Dernière mise à jour